‘RTL’ Archives
Champions League: Chelsea feiert säin 1. CL-Titel!
Champions League: Chelsea feiert säin 1. CL-Titel! An der Finale wënnt Chelsea géint Bayern München mat 4:3 no Eelefmeterschéissen.
Champions League: Bayern-Chelsea 1:1 (no der 2. Halschent)
Champions League: No der 2. Halschent steet et 1:1 tëschent Bayern an Chelsea. 1:0 (Müller/83'), 1:1 (Drogba/89').
Härenhandball: Den HBD feiert säin 22. Championstitel
Härenhandball: Den HB Diddeléng feiert säin 22. Championstitel. An der leschter an entscheedender Partie wënnt den HBD 24-23 géint den HB Esch.
ING-Marathon: Victoire fir de Belor Yator aus Kenia
De Belor Yator aus Kenia wënnt déi 7. Editioun vum ING-Marathon. De Pascal Groben (Hären) an d'Jessica Schaaf (Dammen) wannen de Semi-Marathon.
Champions League: Bayern-Chelsea 0:0 (Halschent)
Champions League: No der 1. Halschent steet et 0:0 tëschent Bayern an Chelsea.
ING-Marathon: De Pascal Groben wënnt de Semi-Marathon
ING-Marathon: De Pascal Groben wënnt de Semi-Marathon. D'Jessica Schaaf leeft bei den Dammen als 2. iwwert d'Arivée a gëtt domat bescht Lëtzebuergerin.
Flèche du Sud: De Bob Jungels wënnt am Zäitfueren
Flèche du Sud: De Bob Jungels wënnt déi 4. Etapp am Zäitfueren, dat virum Adam Pehlam an dem Aaron Gate. De Jungels ass elo och de neie Leader am General.
Italien: Bommenattentat viru Lycée bréngt Schülerin ëm
Dramatesch Zeenen de Moien zu Brindisi an Italien: Bei enger Bommenattack gouf eng Schülerin vun enger Moude-Schoul an den Doud gerappt.
"Verstehen Sie Spaß?": Schowmaster Kurt Felix ass dout!
Am Alter vun 71 Joer ass de Kurt Felix gestuerwen. De Schwäizer Showmaster gouf virun allem duerch "Verstehen Sie Spaß?" bekannt.
An engem Bësch bei Nidderaanwen: 2 Meter laange Python fonnt
Eng éischter ongewéinlech Entdeckung hunn e puer Spadséiergänger de Samschdegmoien an engem Bësch bei Nidderaanwen gemaach: Si hunn e Python fonnt.